Hip Hop

Vu Kengencyclopedia
(Virugeleet vu(n) Hip Hop Syndrom)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hip Hop (och Hip Hop-Syndrom genannt) ass de Numm vun enger Krankheet, déi sech souwuel physesch wéi och psychesch op de Mënsch auswierkt. Dack féiert Hip Hop zu Gelenk- a Schankendeformatiounen, am schlëmmste Fall suguer zum Doud. Fir e Baussestoënde kann et beim Lauschteren vun der Hip Hop-Musék zu Gehierbluddunge kommen. Um Hip Hop-Syndrom erkrankte Persoune nennt ee Fubu.

Uersprong[Änneren]

Historiker no, huet den Hip Hop säin Uersprong am Gregorianesche Gesank. Iwwert d'Joerhonnerten huet sech dëss Musékform awer mat friemen Aflëss, ënnert anerem vum traditionellen Lagerfeierdanz vun den zentralafrikaneschen Pygmäen, Lidder vun den Amistad-Iwwerliewenden a Ghettogejéimers vu amerikaneschen Fubuen, zu enger Krankheet entwéckelt.

Kierperlech Auswierkungen[Änneren]

Wëssenschaftler hunn erausfonnd, datt d'Frequenzen an d'Schwingungen, déi dëss Musék veruersaacht, d'mënschlecht Gehier dauerhaft beschiedege kann. Esou zum Beispill wierkt et sech op d'Duerchbluddung aus, déi gestéiert gëtt. Dësst huet eng Ofhängegkeet zur Folleg, den IQ fällt bei enger erkrankter Persoun bannend 2 Stonnen op e Minimum. Leid, déi net esou empfänglech fir dëss Musék sinn, mussen bei enger dauerhafter Aussetzung mindestens mat staarken Gehierbluddungen rechnen.

Kierperlech wierkt sech d'Musék, mat der eben genannter Ausnahm, net direkt op eng betraffe Persoun aus. Nodeems eng Persoun ofhängeg ass, verännert sech d'Liewensastellung däitlech. Den Erkrankten fënnd Gefaalen u sengem Zoustand. Je no Itensitéit vun der Musék kann sech eng erkrankte Persoun zu engem Playa Fubu oder engem Krëppelfubu entwéckelen.

Duerch d'Undoën vu speziellen Hip Hop-Schung a besonneg breede Boxen, déi als cool oder tight an der Szene ugesi sinn, kënnt et schlussendlech zu de bekannten Gelenk- a Schankendeformatiounen. D'Schung hunn hei eng schiedlech Wierkung op d'Wierbelsail, wouduerch de Fubu no enger Zäit an enger liicht gebéckten Haltung geet. Duerch déi ze breed Schung an déi ze grouss Box (déi duerch d'Fehle vun engem Rimm erofrëtscht) ass e normalt Trëppele nët méiglech. Et kënnt zu O-Been, déi d'Foussgelenken zerstéieren. Opfälleg um Fubu-Kleederstil ass och d'Droë vu Blingbling. Dësst sinn z.B Réng, déi aus bëllegem Material hiergestallt ginn an duerch eng Legierung wéi Sëlwer oder Gold wierke sollen. Wat kaum ee wees, ass, datt dëss bëlleg Legierungen gëfteg an hautschiedegend sinn. Och hei kënnt et zu Schlankendeformatiounen.

Mediziner beschreiwen dëss Krankheet als Regenerativ. Den Erkrankte kënnt um Niveau vun engem Neanderthaler un. Zënter kuerzem ass bekannt, datt d'Krankheet verierwbar ass. Hei hu Wëssenschaftlech festgestallt, datt aus enger Verbindung tëscht engem Fubu an enger Fubuchica eng Mutatioun erauskënnt. Dëss Mutatioun ass als eegestänneg Spezies ze gesinn. Wann eng Heelung vun den Elteren nach méiglech kinnt sinn, sou ass dat beim Kand definitiv net de Fall.

Opbau vun der Musék[Änneren]

Dëss Musék gëtt als Binärmusék bezeechent. Wéi de Numm et scho seet, besteet se aus zwee Zoustänn. Dëss zwee Laute ginn vu Fubuen Beats genannt a setzen sech esou zesummen: 0 = bumm & 1 = tsch

Den am meeschte gebrauchte Beat ass dëssen: 01 001

Well d'Gehier vun engem Fubu nëmmen dëss zwee Zoustänn veraarbechte kann, gëtt dësssen Binäropbau mat variabler Vitesse zu engem Hip Hop-Lidd zesummegemixt. Fir d'Lidd besser vun eneen ze ënnerscheeden, ginn nach Laute dobäigemëscht, déi den Linguisten no, aus dem Fubuiesesch staamen. Gebraichlechst Refrainen resp. Wierder sinn:

  • Yeah
  • What??
  • OK!
  • in da Ghetto

Um Spaweck[Änneren]