Fubu

Vu Kengencyclopedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Als Fubu, dack och nach Hip Hopper (aus dem eng. Hip fir Hëft an Hopper fir Triichter, Zoufuhrbehälter) genannt, bezeechent een eng Zort vu Mënschen, déi ënnert dem Hip Hop Syndrom leiden. Dem Selbstverständnis vun de Fubuen no, ass Hip Hop eng Liewensastellung baséiernt op der Musék déi de selweschte Numm dréit. Mediziner gesinn dësst allerdéngs aaneschters.

Klassifizéierung[Änneren]

Am Generellen ënnerscheede mer tëscht zwou Zorte Fubuën, dem

Nierft dësser Klassifizéierung ënnerscheede mer och nach tëscht de männlechen a weibleche Vertrieder vun dësse Spezien.

Krëppelfubu[Änneren]

Männleche Krëppelfubu[Änneren]

E männleche Krëppelfubu fällt dack schon vu wäitem duerch säi Kleederstil op, ganz am Géigesaz zu de Playa-Fubuën, déi een dack eréicht beim zweete Bléck erkennt. Selwer bezeechnen se sech als "Gängsta"-Hip Hopper. Besonneg markant ass beim Krëppelfubu d'Undoën vun extrem weite Boxen a Pullover, meeschtens am XXXXL-Beräich oder gréisser. Dësst huet nierwt dem Erkennungswert och nach de Virdeel, weidere Stauraum fir Géigestänn ze bidden, déi d'Männchen sech widerrechtlech ugeeegnet huet (méi dozou am Kapitel Speziesspezifesch Krankheeten: Kleptomanie). Opfaalend ass, datt déi männlech Vertrieder vum Krëppelfubu, aanescht wéi hier weiblech Géigestécker, ënner heftegen Temperaturschwankungen ze Leiden hunn. Sou dinn se besonneg am Summer déck Daunejacketten un (déi heefeg mam Fell vun enger Kaz gepimpt gëtt, déi extra dofir doudgeschloë gëtt), am Wanter trëfft een se awer och oft mat iwwerweiten Trainigs-T-Shirtën aus dem Baskettsport un. Als thight ugesinn sinn T-Shirten, déi bis min. un d'Knéie ginn.

E Ruddel Gängstafubuen weisen hier Handdeformatiounen

Um Kapp droën Krëppelfubuen Kapen, déi min. 20 cm iwwert dem Kapp ugedoë gëtt. De Siichtschutz gëtt dobäi nohannen oder säitlech gedréint, esou datt de Fubu riicht an d'Sonn kucke kann. Dësst gëtt als e wichtegt Ritual ugesinn, fir ze ermëttelen, ween den tight'esten vun allen ass. Well e Fubu sech als stilvoll gesäit, dréit en vill Schmuck, deen se an der Fubusprooch Blingbling nennen (eigentlech Comicsprooch fir "blénkeg"). En typeschen Fubuschmuck besteet aus Kanaldeckelen, déi un Velosketten em den Hals gedroen ginn. Prinzipiell gëllt: wat méi blénkeg, wat méi tight!

Charakteristesch fir e Gängsta-Fubu ass hieren Gang, deen un en Trëllen erënnert. Dësst ass op eng Deformatioun vun hiere Fëiss zeréckzeféieren. Duerch déi breet Baskett-Schung an nach méi breeden Boxen ass en aanert Virukommen nët méiglech. Iwwert d'Joeren huet sech dee Gang als "Cool" agebiergert. Fir d'Trëllen ze verstoppen, maachen d'Fubuen nach "cool" Handbeweegungen, déi och duerch Handdeformatiounen kommen. Dëssen Ëmstänn hunn se et ze verdanken, datt hier Spezies bal nëmmen nach als Krëppelfubu bekannt ass. Gängstafubuen hunn en extremt Agressiounspotenzial, dat op hier Onfähegkeet zeréckzeféieren ass, eng verbal Sprooch ze gebrauchen. Méi heizou am Ënnerkapitel Fubu Sprooch.

Krëppelfubuen sinn zu deem Ruddeldéieren. Se haalen sech nëmmen a 10 bis 15 Mann staarke "Gangs" (ausgeschwoart wéi "Gängs") op. Esou kënnen se 5 bis 10 Joer méi jonk Nëtfubuen "ustressen". Netfubuen sollen net de Fehler maachen, engem Fubu an d'Gesiicht ze kucken. Wëssenschaftlechen Etude no, fillen sech ronn 99% vun de Fubuen provozéiert.

Weibleche Krëppelfubu[Änneren]

Am Géigesaz zum männleche Fubu, déi wéi scho beschriwwen, vill Wert op breed Kleedung leeën, deet e weiblecht Exemplar sech ganz knapp an hauteng un. Esou gëllt als absolute Must e bauchfräit Outfit. Selwer nennen sech déi weiblech Krëppelfubuen "Fubugirl" oder "Fubuchica", wat dack op hier südlännech Originen hiweise soll. Charakteristesch fir esou eng Krëppelchica sinn Liederstiwwelen, déi bis bei d'Knéie ginn, eng wäiss enk Leggingsbox an eng Daunejacket, déi just bis kuerz iwwert de Nuebel geet. Eng Fubuchica reescht sech schnell kuenstlech op an zeechent sech duerch eng grouss Standhaftegkeet beim Alkoholkonsum aus.

Playa Fubu[Änneren]

Bei der Ënnerspezies Playa Fubu gëtt net tëscht männlech a weiblech getrennt. Dësst läit dodrunn, datt sech d'Beschreiwung vum weibleche Playa Fubu heefeg mat der Beschreiwung vum weibleche Krëppelfubu deckt. Et läit awer och dodrun, datt een bei verschiddenen Exemplarer effektiv net méi feststelle kann, op et männlech oder weiblech ass.

2 Playa Fubuen an der Disco

De Playa Fubu ass net ëmmer op den éischten Bléck als solchen ze erkennen. Am Géigesaz zum Krëppelfubu (kuck uewen) deet sech e Playa Fubu méi propper un. Heifir wielt en am léifsten enk Kleeder aus. Charakteristesch fir e Playa Fubu sinn:

  • Schung aus Lieder, déi vir spatz zoulaafen,
  • wäiss enk Boxen,
  • e Rimm mat Logo vun enger deierer Mark (fir gewéinlech awer eng Fälschung)
  • en enken rosaën T-Shirt mat engem Markenlogo drop (och hei eng Fälschung)
  • eng Jacket aus "Lieder"
  • en Ouerrang aus Plastik oder, bei méi räiche Playa Fubuen aus Glas (deen awer en Dyamant duerstelle soll)

Bei dësser Spezies huet een d'Gefill, datt déi wäiss Boxen nimols knaschteg ginn. D'T-Shirten ginn just hannert der Rimm-Schnall an d'Box gestach, sou datt een d'Markenzeechen erkenne soll. Well d'Beschreiwung vun engem Playa Fubu awer bal identesch ass mat der Fubu-Definitioun vun engem Schwulen oder enger Tunt, ginn se vun hieren Artgenossen, den Krëppelfubuen, och nach Schwule Fubu genannt.

E Playa Fubu ass sielen e Ruddeldéier. En gesäit een se awer dack zu zwee, wat (duerch hiere Spëtznumm Schwule Fubu) nach méi fir Konfusiounen suergt. A Mëtteleuropa liewe virun allem Nuechtaktiv Playa Fubuen, déi een bal nëmmen an Discoën fënnd. A méi südleche Géigende fënnd een se awer och um Strand.

Duerch hier Kleedung huet een dack den Androck, datt Playa Fubuen méi en héigen IQ hunn, wéi hier Artgenossen. Dësst stëmmt och zum Deel. D'Playa Fubuen genéissen méi en héige Liewensstandart ewéi d'Krëppelfubuen. Dëst läit dodrunner, datt se hier Artgenossen fir sech schaffe loosen, z.b. an deems se den Drogenhandel leeden an d'Krëppelfubuen als Keefer ënner Kontroll haalen.

Hier Haaptbeschäftegung ass d'Checke vu Fubuchicas.

Fubusprooch[Änneren]

Bei der Fubusprooch handelt et sech linguistesch gesinn net wierklech ëm eng Sprooch. Ähnlech wéi beim Portugieseschen ass et eng Sprooch déi aus Laute a Geräischer besteet. D'Fubusprooch huet mëttlerweil esou vill aktiv Spriecher, datt se vun der EU net méi als Minoritéitesprooch ugesidd gëtt. Fubuiesesch ass zënter dem 1. Januar 2007 offiziell eng vun den 24. Amtssproochen vun der EU. Se gëtt awer net als geschriwwe Sprooch benotzt, wat sech duerch den déiwen IQ vun de Fubuën erkläere léisst. Hei eng Rëtsch Sproochbeispiller:

  • Bitch = flott Meedchen
  • ey, mec = Moie Kolleeg
  • krass = Bedeitung onbekannt, de Fubu benotzt dësst Wuert op beliebege Plazen an engem Saz
  • fett =Bedeitung onbekannt, de Fubu benotzt dësst Wuert op beliebege Plazen an engem Saz
  • Blingbling = Schmuck
  • pimpen = eppes verschéineren, z.B. duerch Blingbling
  • checken = bedeit ënnert aanerem: kucken, sichen, fannen
  • Tschu = Zigrett mat Extra (z.B. Graas)
  • tschuën = entspaanen
  • taxéieren = akaafen ouni Suën

Um Spaweck[Änneren]